Léif Schülerinnen a Schüler,
geschwënn ass ët erëm esou wäit, wéi all Joër fënnt eise
Chrëschtmaart am LTML statt. Des Kéier hutt dir en
Denschdeg, den 16. Dezember 2008 vun 10.40 bis 13.00 Auer d’Méiglechkeet, op engem eegene Stand Iessen, Gedrénks oder aner Artikel ze verkafen.
Wann dir matmaache wëllt, da fëllt w.e.g. den iewechten Deel vum Formulaire aus a gitt en bis den 10. Dezember bei der Madame Altwies of oder leet en an hir Case.
Hei nach e puer Erklärungen zum Aschreiwungsformular:
All Grupp soll e Parrain hunn, dat heescht, en Enseignant fannen, deen sech bereet erklärt, de Grupp z’ënnerstëtzen. Frot also ee vun äre Proffen, mir si secher, dass si iech gären zur Säit stinn. Falls dir kee sollt fannen, da sot w.e.g. der Madame Altwies Bescheed, si hëlleft iech gäre weider an steet och fir weider Froën zur Verfügung.
D'Suën, déi dir um Chrëschtmaart eranhuelt, musst dir ärem Enseignant-Parrain ginn. Si sinn fir e gudden Zweck bestëmmt oder hëllefen iech éventuell dobäi, eng Klasserees ze bezuelen.
Wann dir Onkäschten hutt, déi dir gären rembourséiert hätt, da schreiwt dat w.e.g. op den enneschten Deel vum Formulaire (Décompte), nodeems de Chrëschtmaart eriwwer ass. Vergiesst nët, d’Rechnungen ze halen!
Maacht mat, ët gëtt bestëmmt erem e flotten Dag!
|